Programm an Umeldung
Fir dech unzemellen klick einfach op “umellen” bei deenen Aktivitéiten déi dech interesséieren.
All Kategorien
Atelier
Camp
Visit a Laboen a Firmen
Ausfluch / Rees
Kanner & Jonker
Weisen d'Aktivitéiten 21 bis 27 vu 27
Méindes, den 07/08/2017 bis Donneschdes, den 10/08/2017
Centre de Jeunesse Marienthal
Um Science Camp geet et dëst Joer em Wëssenschaft an “Adventure”. Am Dall vun de siwe Schlässer maache mir spannend Atelieren zu Wëssenschaft, Technik a Natur an entdecken eis Ëmwelt während enger sëllechen Outdoor-Aktivitéiten.
'natur musée'
250 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Camp
Freides, den 11/08/2017 (09:00 - 13:00 Auer)
TERRA - Eicherfeld
Wat brauch eng Planz fir ze wuessen a Friichten ze drohen? Wéi ee Geméiss oder Uebst kann een zu Lëtzebuerg uplanzen? Am Gaart vun TERRA gi mir méi iwwer d‘Permakultur gewuer, pake selwer eng Hand mat un a preparéieren eis ee leckert Mëttegiessen.
TERRA - Transition and Education for a Resilient and Regenerative Agricultu
10 €.
Den Onkäschtebeitrag gëtt op der Plaz beim Responsabele vun der Aktivitéit bezuelt..
Visit a Laboen a Firmen
Donneschdes, den 17/08/2017 (14:00 - 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Waasserdéiere fänken a chemesch Analyse maache fir erauszefannen, wéi propper d’Uelzecht ass.
'natur musée'
5 €.
Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Mëttwochs, den 30/08/2017 (08:00 - 19:00 Auer)
Landau
Schlaangen, Echsen, Deckelsmouken, Krokodilen, Fräsche vu ganz no gesinn a souguer dierfen upaken.
'natur musée'
25 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees
Mëttwochs, den 06/09/2017 bis Freides, den 08/09/2017
Jugendherberg Lëltz
Du sichs no enger Vakanzenaktivitéit déi Spaass mécht, dech intellektuell a kierperlech erausfuerdert a fit hält? Komm mat eis op de Stau-Séi a free dech op eng Rëtsch spannend wëssenschaftlech Atelieren an e volle Programm u sportlechen Outdoor-Aktivitéiten.
'natur musée', PINS A.s.b.l.
250 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Camp
Sonndes, den 10/09/2017 bis Dënschdes, den 12/09/2017
Müllerthal
1 Dag:Iechternach- Befort (18 km): Mir entdecken d’Wollefsschlucht an d’Deiwelsschleff iwwer Berduerf weider bei d’Raiberhiel, d’Zigzagschleff an d’Siweschleff, alles spektakulär Fielsformationen. Den 2ten Dag: Befort-Fiels (12km).3ten Dag: Fiels-Mëllerdall (18 km).
'natur musée'
100 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees
Mëttwochs, den 13/09/2017 (09:00 - 15:30 Auer)
op der Uni Lëtzebuerg Campus Kierchbierg
Mayonnaise – ee Fest-Stoff oder eng Flëssegkeet ? Du hëls dëse kulinareschen Hit ganz genee ënnert d’Loup. Du benotz ee Mikroskop a méchs verschidden Experimenter vir d’Fléiss-Propriétéiten vun der Mayonnaise ze ënnersichen an an den Zesummenhang mat hirer Struktur ze stellen.
Université du Luxembourg, Campus Belval
gratis.
D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Atelier, Visit a Laboen a Firmen
