Programm an Umeldung
Fir dech unzemellen klick einfach op “umellen” bei deenen Aktivitéiten déi dech interesséieren.
All Kategorien
Atelier
Camp
Visit a Laboen a Firmen
Ausfluch / Rees
Kanner & Jonker
Weisen d'Aktivitéiten 11 bis 20 vu 27
Samschdes, den 22/07/2017 (10:00 - 12:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Bau an dësem Workshop selwer e Wandgenerator zesummen.
'natur musée'
5 €.
Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Dënschdes, den 25/07/2017 bis Donneschdes, den 27/07/2017
Luxembourg
Iwwer déi flottsten Trails queesch duerch d’Ländchen. Ënnerwee léiere mir eis mat Kaart a GPS orientéieren, duerchfuere verschidde geologesch Schichten, léieren d’Baache kennen a kucken, wéi propper se sinn. Däin eegene Mountainbike an e bësse Konditioun ass e ‘MUST’!
'natur musée'
150 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees, Camp
Donneschdes, den 27/07/2017 bis Samschdes, den 29/07/2017
pc02/16
Op der Buerg zu Kintzheim gesi mir eng Gräifvullenshow, am Zoo vu Basel beobachte mir Storchen,Fëschotteren, Kormoranen, Séiléiwen a Pinguinen. Am Ecomusée d’Alsace fuere mir mam Boot a maachen eng Holzfigur fir mat heem ze huelen.
'natur musée'
300 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Camp
Donneschdes, den 27/07/2017 (10:00 - 12:00 Auer)
Am Centre d'Information Tiers Monde (Lëtzebuerg Gare)
Du benotz däin Handy all Dag fir ze telephonéieren, simsen, snapchaten, asw.. mee wees du wat sech alles hannert dem Touchscreen verstoppt? An dësem Workshop schraufs du een Handy auserneen a gëss méi zu de Materialien gewuer, aus deenen e besteet.
Action Solidarité Tieres Monde
gratis.
D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Atelier
Méindes, den 31/07/2017 (08:30 - 18:30 Auer)
Odysseum
Komm mat an de Science Center “Odysseum” op Köln (Däitschland), fir selwer z’experimentéieren an esou mat vill Spaass verschidde wëssenschaftlech Theme méi no kennenzeléieren.
'natur musée'
25 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Atelier, Ausfluch / Rees
Dënschdes, den 01/08/2017 (09:00 - 16:30 Auer)
am Mëllerdall
Abenteuer an Action am Mëllerdall : Hielen erfuerschen, op Fielse klammen, sech mat Kaart a Kompass orientéieren, a villes méi.
'natur musée'
5 €.
D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Ausfluch / Rees
Mëttwochs, den 02/08/2017 bis Freides, den 04/08/2017
Auberge de jeunesse Düsseldorf
Schokola maache fir mat heem zue huelen, am Aquazoo zu Düsseldorf Tëntefësch, Haien, Schlaangen an aner Waasserdéiere beobachten; den Neanderthaler entdecken am Neanderthaler Musée, an de Fräiliichtmusée zu Kommern besichen.
'natur musée'
300 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Camp
Mëttwochs, den 02/08/2017 bis Freides, den 04/08/2017
Auberge de jeunesse Düsseldorf
Zu Köln Schokola maache fir mat heem zue huelen; den Neanderthaler entdecken am Neanderthaler Musée zu Düsseldorf, Bouschéissen, Hielemolerei. An am Fräiliichtmusée zu Kommern e richtegt Haus bauen.
'natur musée'
300 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Camp
Freides, den 04/08/2017 (08:30 - 17:00 Auer)
P&R Houwald
Mir kucken ons un, wéi Muschelen op der Kalber Millen geziicht ginn a fänken duerno Insekten, Kriibsen, Muschelen a mat vill Gléck Fësch an der Our.
'natur musée', Natur&Emwelt
15 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Atelier
Samschdes, den 05/08/2017 (09:00 - 16:30 Auer)
Dinosaurierpark Teufelsschlucht
Mam Dino-Ranger duerch den Dinosaurierpark, Bouschéissen an d’Natur entdecken am Naturpark Teufelschlucht.
'natur musée'
25 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees
