Programm an Umeldung

Fir dech unzemellen klick einfach op “umellen” bei deenen Aktivitéiten déi dech interesséieren.

 

All Kategorien
Atelier Camp Visit a Laboen a Firmen Ausfluch / Rees

All Alter
Kanner & Jonker Familljen Erwuessener Fir all Public


Weisen d'Aktivitéiten 1 bis 10 vu 31

Mieresgold

Atelier
11 – 15 Joer
Samschdes, den 07/07/2018 (10:00 - 12:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Wou fënnt een en? Wéini a wéi ass en entstanen? Wei eng Geheimnisser verstoppt hien? Mat Hëllef vun interessanten Experimenter erfuersche mir de Bernstein an du schläifs dir een Amulett aus dësem wäertvolle Naturmaterial, dat bei de Reimer als Mieresgold bekannt war.
'natur musée'
5 €. Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Bild

ScienteensLab – Physik vs. Sonnecrème

Atelier Visit a Laboen a Firmen
16 – 18 Joer
Mëttwochs, den 11/07/2018 (09:00 - 15:30 Auer)
Université du Luxembourg - Campus Limpertsberg - Bâtiment des Sciences
Wat ass Sonnecrème? Firwat brauche mir se a wéi funktionéiert se? Du mëss deng eege Sonnecrème an ënnersichs se op hier Effikassitéit. Mir erfuerschen dat siichtbart an onsiichtbart Liicht a fannen eraus wisou virun allem den Ultravioletten Undeel vum Liicht esou geféierlech ass
LCSB - Scienteens Lab
gratis. D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Atelier, Visit a Laboen a Firmen
Bild

Segelen & Wand verstoen

Ausfluch / Rees
15 – 18 Joer
Freides, den 13/07/2018 (08:15 - 17:30 Auer)
Gare Centrale Lëtzebuerg (Parking Post)
Wéi funktionéiert ee Segelboot a wat ass eng Wandrous? Vum Optakelen iwwert Kenterübungen a verschidden Segelmanöver erliews du en Dag als Segeler um Stau!
'natur musée'
20 €.  —  D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees
Bild

Onerwaart Schätz

Atelier
11 – 15 Joer
Samschdes, den 14/07/2018 (14:00 - 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Wéi eng Schätz kann ech bei der Bomi um Späicher fannen ? Wéi kënnt een Dromedar an ee Pëtz zu Mamer a wat ass een Holotyp. All dëst a nach villes méi gi mir an der temporairer Ausstellung „Unexpected Treasures“ gewuer.
'natur musée'
5 €. Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Bild

Fossilien am Koralleriff

Atelier
11 – 13 Joer
Méindes, den 16/07/2018 (14:00 - 17:00 Auer)
Rëmeleng
Mir sichen no Verstengerunge vu Schleeken, Muschelen an Tëntefësch an engem 180 Millioune Joer ale Koralleriff zu Rëmeleng.
'natur musée'
10 €. Den Onkäschtebeitrag gëtt op der Plaz beim Responsabele vun der Aktivitéit bezuelt..
Atelier
Bild

3 Deeg Mountainbike an Natur pur

Ausfluch / Rees Camp
13 – 16 Joer
Dënschdes, den 17/07/2018 bis Donneschdes, den 19/07/2018
Luxembourg
Iwwer déi flottsten Trails queesch duerch d’Ländchen! Ënnerwee léiere mir eis mat Kaart a GPS orientéieren, duerchfuere verschidde geologesch Schichten, léieren d’Baache kennen a kucken, wéi propper se sinn. Däin eegene Mountainbike an e bësse Konditioun ass e ‘MUST’!
'natur musée'
150 €.  —  D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees, Camp
Bild

Faszinatioun Insekten

Atelier
11 – 15 Joer
Dënschdes, den 17/07/2018 (14:00 - 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
An der neier Dauerausstellung vum ‘natur musée’ begéine mir liewegen Insektestaaten vun haut awer och ganz alen Insekten déi viru Millioune vu Joer gelieft hunn. Wisou sinn dës Déieren, déi mir bal an all Liewensraum untreffen, esou erfollegräich? (Sprooch: däitsch)
'natur musée'
5 €. Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Bild

Stären am Mier

Atelier
11 – 13 Joer
Mëttwochs, den 18/07/2018 (14:00 - 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Wat maachen all déi Stären am Sand? Schlüpf an d’Roll vun engem Mikropaleontolog an entdeck mat Hëllef vu Sift a Pinsel Mieresdéiere vu Fréier. Heiansdo sinn déi klengste Fossilien déi spannendst! (op DE)
'natur musée'
5 €. Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Bild

UAV 3D-Scanning

Atelier
14 – 18 Joer
Mëttwochs, den 18/07/2018 (10:00 - 17:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
An der Archeologie ginn UAVs (unmanned aerial vehicles) oder Dronen benotzt, fir 3D-Modeller vu Siten ze kreéieren. Mir testen dës Technik (Pilotéieren, Navigéieren a Scannen) mat enger DJI Inspire 2 Dron um Natur Musée-Gebai.
'natur musée'
10 €. Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Bild

Mad Lab: Funky Guitar

Atelier
11 – 13 Joer
Samschdes, den 21/07/2018 (10:00 - 12:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
An dësem Atelier léide mir e Guitar-Synthesizer zesummen, deen Nouten iwwer 5 Oktave a 4 verschidden Téin spillt (akustesch Guitar, elektresch Guitar a Synthesizer).
'natur musée'
10 €. Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Bild