Programm an Umeldung
Fir dech unzemellen klick einfach op “umellen” bei deenen Aktivitéiten déi dech interesséieren.
All Kategorien
Atelier
Camp
Visit a Laboen a Firmen
Ausfluch / Rees
Kanner & Jonker
Weisen d'Aktivitéiten 1 bis 10 vu 27
Dënschdes, den 27/06/2017 (15:00 - 17:00 Auer)
zu Stroossen niewent der Gemeng, beim grénge Gebai
Bau deng eege Rakéit. D’Rakéit, déi mat Drockloft ugedriwwe gëtt, kanns du natierlech mat heem huelen!!!
'natur musée', Gemeng Stroossen
5 €.
Den Onkäschtebeitrag gëtt op der Plaz beim Responsabele vun der Aktivitéit bezuelt..
Atelier
Samschdes, den 01/07/2017 (14:00 - 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
An dësem Atelier gëss de gewuer, wéi Sonnenaueren fonctionéieren an du kanns selwer eng Rei vu verschidden Sonnenauere bauen. D’Sonnenauere kanns du natierlech mat heem huelen.
'natur musée'
5 €.
Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Dënschdes, den 04/07/2017 (15:00 - 17:00 Auer)
am Science Mobil zu Hesper bei der Primärschoul
Wat si Faarwen? Wéi entsteet e Reebou? Virwat ass den Himmel blo?… Anhand vu ville klengen Experimenter kriss du an dësem Workshop Äntwerten op dës Froen an nach vill aner Froen ronderëm d’Thema Faarwen.
'natur musée'
5 €.
Den Onkäschtebeitrag gëtt op der Plaz beim Responsabele vun der Aktivitéit bezuelt..
Atelier
Donneschdes, den 13/07/2017 (08:15 - 12:00 Auer)
am Lycée des Arts et Métiers
Mir bestécken a léiden selwer eng Platine mat elektronesche Baudeeler (Widderstänn, Liichtdioden, Kondensatoren, Dioden, Transisteren, etc.) déi e Smiley duerstellen. Hei léiers du déi verschidden elektronesch Baudeeler méi no kennen.
Lycée des Arts et Métiers
gratis.
D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Atelier
Donneschdes, den 13/07/2017 (14:00 - 16:00 Auer)
am 'natur musée' am Gronn
Erfuersch selwer d’Waasserqualite´it mam Projet “Water Hackers”. Mat enger Rei Experimenter kriss du en Abléck an d’Waasserqualitéit vum Krunnewaasser, vun onse Fle¨ss, vum Reewaasser an onsem groe Waasser.
'natur musée'
5 €.
Veuillez régler le montant le jour même à la caisse du 'natur musée'.
Atelier
Méindes, den 17/07/2017 bis Sonndes, den 23/07/2017
Riederalp (Villa Cassel)
Beim Wanderen iwwert den Aletschgletscher erfuersche mir d’Folgen vum Klimawandel, souwéi d’Flora an d’Fauna vun de Schwäizer Alpen. Mir iwwernuechten an engem Naturschutzgebitt uewen um Bierg op der Riederalp. Hues du Loscht op Abenteuer a bass a gudder physescher Konditioun?
'natur musée'
600 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Camp
Dënschdes, den 18/07/2017 (14:00 - 17:00 Auer)
Rëmeleng
Mir sichen no Verstengerunge vu Schleeken, Muschelen an Tëntefësch an engem 180 Millioune Joer ale Koralleriff zu Rëmeleng.
'natur musée'
10 €.
Den Onkäschtebeitrag gëtt op der Plaz beim Responsabele vun der Aktivitéit bezuelt..
Atelier
Dënschdes, den 18/07/2017 (09:00 - 15:30 Auer)
Uni Lëtzebuerg - Campus Belval
An dësem Fuerschungszentrum vun der Uni schaffe Biologen, Medeziner, Informatiker a Mathematiker zesummen fir d’biologesch Mechanisme vun neuro-degenerative Krankheeten, ewei Parkinson’s disease an Alzheimer, besser ze verstoen.
Université du Luxembourg, Campus Belval
gratis.
D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Atelier, Visit a Laboen a Firmen
Mëttwochs, den 19/07/2017 (08:00 - 18:00 Auer)
Han-sur-Lesse
Komm mat op eng flott Zäitrees-Safari: ze Fouss entdecke mir déi Déieren, déi säit der leschter Äiszäit bei ons an de Bëscher gelieft hunn. Bewonner déi europäesch “Big Five” an erlief déi schéin Landschaft an déi fantastesch ënnerirdesch Welt vun der Grotte zu Han-sur-Lesse.
'natur musée'
25 €.
—
D'Sue sinn ze iwwerweisen, nodeems Dir e Confirmatiounsbréif krut hutt. De Confirmatiounsbréif enthält all néideg Infoen zur Iwwerweisung.
Ausfluch / Rees
Freides, den 21/07/2017 (10:00 - 12:00 Auer)
bei Plastipak zu Bascharage
Bei dëser Visite gesäis du wéi verschidde plastiks Verpackungen hiergestallt gi fir z.B. Gedrénks, Shampoing,… Du gesäi awer och wéi recycléierte PET hiergestallt get
Plastikpak
gratis.
D'Partizipatioun un dëser Aktivitéit ass gratis.
Visit a Laboen a Firmen
