Science Camp Plus 2018

This slideshow requires JavaScript.

This slideshow requires JavaScript.

Den éischte Science Camp am Süde vum Land war ee groussen Erfolleg! Am Biologie-Workshop hu mir eis DNA ganz genau ënnert d’Lupp geholl, hiren Opbau an hier Funktioun erkläert an eis eegen DNA extrahéiert. Am Physik-Workshop huet den Alex an de Max hier Recherche un Hand vu ville spannende Physik Experimenter illustréiert. Am Scienteens Lab si mir alles iwwer den Opbau an d’Funktiounsweis vun der Sonnecrème gewuer ginn, an hu gesi wéi ee verschidde Problemer aus dem Alldag mat Hëllef vu graphentheoretesche Konzepter modelléieren a léise kann. Mir soen dem Scientees Lab ee grousse Merci fir dëse flotten Abléck an d’Physik an d’Mathé op der uni.lu. Ausserdeem hu mir op enger Visite vum Musée des Mines zu Remlengs, dem Site Belval mam Fonds de Belval an engem Vëlostour ronderëm Esch mam Paleontolog Robert Weis aus dem natur musée de Süde vum Land vu Fréier bis Haut kënne geléiert.

FotosAteliers, News |