G@strono(co)myc

Iwwer déi lëscht dräi Méint, hunn d’Luca, d’Lisa an de Roman sech eng 6 Mol bei eis am ‘natur musée’ getraff, fir un engem Projet ze schaffen, dee si bei der “Interdisciplinary Creativity Skilly Competition” areeche wollten. D’Thema vun der Competitioun war “Liewen a schaffen am Weltall”. Séier war kloer: mir maachen ee Comic. D’Lisa moolt an d’Luca an de Roman schreiwen d’Geschicht. De Sujet: Iessen um Mound. D’Resultat: de G@astrono(co)myc! Well de Minister Schneider sech engagéiert fir de Space Mining hei zu Lëtzebuerg asëtzt, gouf hien zu engem Haaptpersonnage an däerf säi 65. Gebuertsdag während der Inauguratioun vun der éischter Moundstatioun am Joer 2036 feieren. Fir dës Féier wënscht hie sech natierlech säi Lëtzebuerger Liiblingspalt mir huelen un, datt et Mettwurscht mat Sauerkraut a Moschter ass. Fir datt dëse Plat weltallgëeegent ass, musse verschidden Upassunge virgeholl ginn: z. B. kënnt d’Fleesch net vum liewegen Déier, mee aus dem Labo an d’Sauerkraut gëtt duerch Algen ersat. Firwat? Dat kënnt dir am Comic noliesen.

Den 29. Juni haten déi dräi d‘Geleeënheet hire Comic während der Live-Sendung vum Asteroid Day an der RTL City virzestellen. Och de Minister Schneider hu si hei getraff. Wéi op de Fotoen ze gesinn, war hie begeeschtert.

This slideshow requires JavaScript.

This slideshow requires JavaScript.

FotosAteliers, News |